Skip to main content
Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg (Nouvelle fenêtre)
  • luxembourg.lu
  • guichet.lu
  • gouvernement.lu
  • Autres sites
Home

Main navigation

  • Home
  • À propos
  • Partner
  • Aktivitéiten
  • You(th)Start
  • Am fokus

You(th) Start Challenges

You(th) Start Entrepreneurial Challenges si kleng a gréisser Erausfuerderungen an e wichtegt Element am Projet vun de Sustainable Entrepreneurial Schools. Si verstinn d’Léieren als ganzheetleche Prozess a kënne fächeriwwergräifend agesat ginn. Duerch d’Participatioun un den Challengë gëtt den entrepreneurial mindset an den nohaltegen a soziale Gedanke gestäerkt an d’Kooperatioun tëscht deene Jonke gefuerdert.

D’Challengë sinn Aktivitéiten, déi den Enseignanten zur Verfügung stinn, fir se direkt am Cours ëmzesetzen.

Fir all Alterstranche sinn Challengen dobäi:

  • A2 = 10-14 Joer (7ième - 6ième/ division inférieure)
  • B1-B2 = ab 15 Joer (5ième - 1ère/ division supérieure)

Duerch verschidden Aufgabe gëtt d‘Eegeninitiativ, d’Motivatioun, d’Innovatiounsfäegkeet  an d’Selbstvertraue gestäerkt an Theeme wéi Nohaltegkeet an d’Implikatioun an der Gesellschaft ofgedeckt.

D’Challengë sinn a 6 verschiddene Sproochen accessibel a kënnen ënnert www.youthstart.eu erofgeluede ginn.

Dir sidd Enseignant(e)...

... an de Sproochen:  All d’Challengë sinn op Däitsch, Franséisch an Englesch zougänglech. Duerch Challengën wéi de Storytelling Challenge oder den Hero Challenge kënnen déi sproochlech Kompetenze gefërdert ginn.

.. an de « Sciences Economiques »:  De Lemonade Stand Challenge kann zum Beispill an d’Gestiounscoursen integréiert ginn. Aner Challenge wéi den Entrepreneurial Design-B1, de Real Market Challenge-Core Business Plan-B2, oder  de Storytelling Challenge-Elevator Pitch-B1 kënnen am Kontext vun de Mini-Enterprisen oder an Optiounen agesat ginn.

... am Sport: Kuckt Iech den Extreme Challenge un!

... an der Konscht: Den Trash Value Challenge kéint Iech interesséieren.

... an der Geographie: Loosst Är SchülerInnen eng Rees plange mam My Personal Challenge.

Dir sidd Deel vum Service educatif?

 Fir d’Schoulcommunautéit ze stäerken eegenen sech den:

  • My Community Challenge -Lebensqualität stärken-B1
  • Open Door Challengen-Vernetzung mit Eltern und Schulumfeld-B2
  • Buddy Challenge-Buddy Coaching-B2

Fir d’Perséinlechkeetsentwécklung passen Challengen ewéi:

  • Be a yes Challenge-Wege zum Aufblühen- A2
  • Be a Yes Challenge- Meine Charakterstärken-B2
  • Empathy Challenge-Empathie Karte- B1

Wann Dir Hëllef braucht fir e passenden Challenge fir Är Klass oder Äert Fach ze fannen, zéckt net Iech via de Kontaktformulaire oder via entrepreneurship@script.lu ze mellen.

En Français >

Erop scrollen

Side Menu

  • Contact
  • FAQ
  • Recherche

Footer menu

  • Impressum
  • À propos du site
  • Notice légale