YouthStart European Entrepreneurship Award

YouthStart European Entrepreneurship Award

YouthStart.eu

De 16. Abrëll gouf fir déi 7. Kéier de Youth Start European Entrepreneurship Award verginn. Fir dësen Event war d’Mini-Entreprise “Protect It” aus dem LRSL selektionéiert, déi sech dëst Joer awer op de Premières-Exame konzentréiert an dofir net um Event participéiert hunn.

Lëtzebuerg als Member Fondateur vum Youth Start Reseau war dëst Joer deemno duerch d’Laurene Kroon vertrueden, dat am Jury Ekippen aus 20 verschidde Länner an der Kategorie “Idea Challenge” konnt kenneléieren an bewäerten.

Den Idea Challenge huet d’Ekipp Wide Awake aus Irland gewonnen. Si hunn eng Erweiderung zum Feieralarmdetektor entwéckelt, déi am Fall vun engem Feier mat Hëllef vun engem nidderege Frequenztoun schlofend Kanner besser erwächen, fir datt si sech esou a Sécherheet brénge kënnen. Wosst dir, datt regulär Feieralarmen nämlech eng Frequenz hunn, bei där Kanner riskéieren net ze erwächen! Mir gratuléieren hinnen zu dëser wichteger Innovatioun! Weider Gewënner waren momSupport aus Albanien (Audience Award), Plasvisor aus Spuenien (Real Market Challenge) an KHAMAR-e aus Banglasdesh (Solutions fort he SDGs.

Eventer wéi dësen hëllefen dobäi den internationalen Echange a Relatiounen am Beräich vum Entrepreneurship ze stäerken a sech géigesäiteg ze inspiréieren. Dëst ass och eng Plus-value fir eisen nationale Projet vun de Sustainable Entrepreneurial Schools an eng optimal Geleeënheet, lëtzebuergesch Innovatioune vu Jonken och an d’Ausland ze droen. 

Kontakt

Website: http://www.youthstart.network/events/2020

E-mail:

Telefon:

Adress: