Mäin ekologesche Footprint am ALR

Mäin ekologesche Footprint am ALR

Atert Lycée Réiden

Kenns du däin ekologesche Footprint ? Dës Fro hunn d’Schüler*inne vun der 4C1 an der 4C2 aus dem ALR sech och misste stellen.


Den 28. Abrëll kruten si de Film eng ÄERD gewisen. Dëse Film presentéiert eng ganz Rei vu lëtzebuergeschen Initiativen déi weise wéi en säin ekologesche Footprint kann erof setzen a méi nohalteg ka liewen.

Nom Film war nach eng interessant Diskussioun mam Tom Alesch, dem Regisseur vum Film a mam Magali a Jil vum Centre for Ecological Learning.

Organiséiert gouf dat d‘ Ganzt vun de Schüler a Schülerinne vun der 2GCG am Kader vun hirem Schülerprojet “ALR goes transition”. An hirem Projet maachen si Ëffentlechkeetsaarbecht fir d’Äerdschëff. Dir kënnt Iech dozou och hir kleng Expo virum Festsall ukucken.

Dës Aktivitéit fënnt am Kader vun der Sustainable Entrepreneurial School statt un der den Atert-Lycée deelhëlt.

 

Kontakt

Website: www.alr.lu

E-mail:

Telefon:

Adress: