Feedback-Ronn am Kader vum Projet 'Sustainable Entrepreneurial Schools'

Feedback-Ronn am Kader vum Projet 'Sustainable Entrepreneurial Schools'

De 25. Januar 2023 huet déi alljärlech Formatioun Continue mat de Coordinateuren a Coordinatricen vum Projet 'Sustainable Entrepreneurial Schools' am Centre de Conférences vum Educatiounsministère a Clausen stattfonnt.

No zwee aktiven an intensive Projetsjoer stoung dës Formatioun ganz am Zeeche vun der Evaluatioun an der Zukunft vum Projet.

D'Coordinateuren an d'Coordinatricen, déi de Projet d'ganzt Joer an hire respektive Lycéeën ëmsetzen, hunn aktiv un der Zukunft vun de  'Sustainable Entrepreneurial Schools' matgeplangt.

D'Zil ass et  weiderhin, fir e qualitative Projet am Interêt vun de d'Schüler a Schülerinnen unzebidden, dee si ganzheetlech stäerkt an hiren entrepreneurial mindset fërdert. Ausserdeem gouf doriwwer diskutéiert, ob de Projet a seng Bewäertung dem Zäitgeescht entsprécht, benotzerfrëndlech ass a vun all engagéierter Schoulgemeinschaft onofhängeg vum Schoulprofil kann ëmgesat ginn.
No dräi produktive Stonne sinn eng ganz Partie konkret Virschléi presentéiert ginn, déi an noer Zukunft an de Projet mat agebaut solle ginn.

Dës Formatioun ass ausserdeem ëmmer e passende Moment, fir de Coordinateuren a Coordinatricen, déi nei Partner an Aktivitéiten aus dem Projet ze annoncéieren an erméiglecht en Erfarungsaustausch tëschent all de Participanten.

Kontakt

Website:

E-mail:

Telefon:

Adress: