Éischten nationalen Sustainable Entrepreneurial School Dag

Éischten nationalen Sustainable Entrepreneurial School Dag

Den 30.09.2021 huet de SCRIPT den éischten nationalen "Sustainable Entrepreneurial School”-Dag organiséiert. Bei den sustainable entrepreneurial schools engagéieren sech Lycéeën, fir den Nohaltegkeetsgedanken an den entrepreneuriale Geescht an hire Gebaier zesummen ze liewen. De Projet huet ënnert anerem als Zil, d'Eegeninitiativ an d'Kreativitéit vun deene Jonken ze stäerken. Insgesamt kënnen d’Lycéeën am Projet 3 verschidden Niveauen/Labelen ereechen. Méi Informatioune zum Projet fënnt een op www.entrepreneurship.lu.

 

Ugefaangen huet den Dag mat engem Meet and Greet, bei deem d'Partner vum Projet sech konnte mat den 12 Lycéeën, déi momentan um Projet deelhuelen, austauschen an Aktivitéite fir dat neit Schouljoer zesumme plangen.

Fir nei interesséiert Lycéeë gouf eng offiziell Presentatioun vum Projet ofgehalen, bei deem sech konnt iwwert den Oflaf an den Inhalt vum Projet informéiert ginn.

 

Um Owend war dann de méi feierleche Moment fir déi 12 Schoulen, déi a Präsens vun de Ministere Claude Meisch a Lex Delles fir hir Aarbecht am Schouljoer 2020/2021 belount goufen.

 

Hei fënnt een e klengen Zesummeschnëtt vun dem ganzen Dag

 

Ausgezeechent goufen d'Lycéeë fir hiren Engagement op 3 verschiddenen Niveauen:

 

N1 Start Up

Ecole Privée Marie Consolatrice

Lycée Nic Biver

Lycée Technique Agricole

Lycée Technique de Lallange

Maacher Lycée

 

N2 Entrepreneurial Progression

Lycée Aline Mayrisch

Lycée Classique Echternach

Lycée Technique de Bonnevoie

Lycée/International School Michel Lucius

 

N3 Entrepreneurial Culture

Atert Lycée Redange

Ecole de Commerce et de Gestion

Lycée Robert Schuman

 

E Spezialpräis goung un d'Ecole Privée Marie Consolatrice wéinst der Realisatioun vun insgesamt 24 You(th)Start Challengen.

 

Den offiziellen Deel vum Owend gouf ofgeronnt duerch Interventioune vum David Ziegler (Key Note Speaker an Motivatiouns-Coach) aus Däitschland, an vum Ivo Silva an dem Clémentine Offner, déi iwwert hier Erfarungen vun den Euroskills zu Graz geschwat hunn, vu wou si eng Bronze Medail am Concours Business Development Team Challenge mat op Lëtzebuerg bruet hunn. 

 

Kontakt

Website:

E-mail:

Telefon:

Adress: