D’Final vum European Money Quiz ass gespillt!

D’Final vum European Money Quiz ass gespillt!

ABBL

 

Den 24. Mäerz hunn den Goncalo an d’Jenny aus dem Atert Lycée vu Réiden Lëtzebuerg  op Initiativ vun der ABBL bei der internationaler Finall vum European Money Quiz vertrueden. Nieft Lëtzebuerg hu  Participanten aus 27 Länner un dësem Quiz deelgeholl an iwwert en Online-Kahoot-Quiz Froen zur finanzieller a wirtschaftlecher Allgemengbildung beäntwert. Dëst Grondwëssen ass e wichtege Pilier vun der Allgemengbildung bei deene Jonken, déi et hinnen erméiglecht, e selbstbestëmmten an responsabelt Liewen ze féieren.

Dir sidd elo fierwëtzeg a wëllt déi international Finall vum European Money Quiz nach emol erliewen oder testen, wéi dir ofgeschnidden hätt, wann dir matgemaach hätt? Da kuckt iech de Video un a vläicht kritt dir jo Loscht bei der Editioun 2022 matzemaachen.

https://www.youtube.com/watch?v=YSZQ7OqGXt4

Mir gratuléieren de Gewënner aus Ungarn, an soen dem Jenny an Goncalo Merci, déi sech mat hirem Resultat net ze verstoppe brauchen.

 

Kontakt

Website:

E-mail:

Telefon:

Adress: