D'Chambre des Métiers- Neie Partner am Projet Sustainable Entrepreneurial Schools!

D'Chambre des Métiers- Neie Partner am Projet Sustainable Entrepreneurial Schools!

Chambre des Métiers Luxembourg

Léiert d'Aktivitéit "Perspektiv Handwierk" vun der Chambre des Métiers kennen an fërdert esou d'Bewosstsin fir d'Perspektiven am Handwierk fir all är Schüler a Schülerinnen.

 

Perspektiv Handwierk: All Dag notzen a benotze mir Produiten a Servicer, déi vun Handwierksbetriber hiergestallt oder ugebuede ginn. D’Handwierk befënnt sech matzen an eiser Gesellschaft an ass DE Partner, wann et ëm d’Schafe vun Iddien an Innovatiounen, Aarbechts- an Zukunftsperspektiven, Zefriddenheet a Stolz duerch d’Hierstelle vu konkrete Produite geet. Mat ronn 8.000 Betriber a 99.500 Leit, déi an dësem Beräich schaffen, ass d’Handwierk den éischten Employeur am Land a mat iwwer 1.800 Persounen, déi eng Léier maachen, den Haaptformateur zu Lëtzebuerg! D’Handwierk representéiert 21 % vun alle Betriber an 21 % vum gesamten Emploi am Land, an ass soumat e wichtege Pilier vun enger effikasser an nohalteger Wirtschaft zu Lëtzebuerg. Déi Jonk sinn sech net ëmmer dëser Vilfalt vu Beruffs- a Karriärsméiglechkeeten am Handwierk bewosst. D‘Chambre des Métiers bitt mam "Perspektiv Handwierk" eng Plattform fir Schüler, Enseignanten a Eltere mat Austauschméiglechkeeten zum Thema un, a wëll esou fir d’Handwierk an seng Beruffer begeeschteren.

Kontakt

Website: www.handsup.lu

E-mail: blanche.lamesch@cdm.lu

Telefon: +352 42 67 67-218

Adress: Circuit de la Foire Internationale

L-1347 Luxembourg-Kirchberg

Luxembourg