Startup Podcast Corner

Startup Podcast Corner

House of Startups

Beschreiwung:

„Startup Corner“, de Lëtzebuerger Podcast iwwer Startups an Innovatioun zu Lëtzebuerg, präsentéiert vum House of Startups mat der Ennerstëtzung vum SCRIPT vum Educatiounsministère. 

Emol de Mount schwätze mir mat Grënner, Business Angels an Experten aus der Innovatioun iwwert wat si bis elo erreecht hunn a wou si nach hi wëllen. Loosst Iech vun deene leschten Neiegkeeten an Trends aus der digitaler Welt inspiréieren.

Zu all Podcast fannt dir hei ënnendrënner eng Fiche mat Froen an e Glossaire an deem d‘Vokablen aus dem Podcast erkläert gin.

Des kënnen zum Beispill genotzt gi fir de Podcast an enger Schoulstonn ze lauschteren an duerno ze diskutéieren, oder de Schülerinnen a Schüler eng Ënnerstëtzung sinn wann se de Podcast doheem oder ënnerwee lauschteren.

Lauschtert all eis Episoden op Spotify, Apple a Google Podcast oder hei: Startup Corner Podcast: House of Startups (host.lu)

 

Dir hutt Froen un eis Gäscht oder Feedback fir eis? Da mellt Iech bei eis op podcast@host.lu. Wann Dir generell méi Informatiounen iwwert de Startup Ekosystem hei am Land wëllt gewuer ginn, da liked d’House of Startups op eise soziale Medien (Facebook, Instagram, Twitter a Linkedin)

Léierziler: Stimuléiert d'Interesse fir Startups an Innovatioun.
Kompetenzen: Initiativ/Initiative, Kreativitéit /Créativité, Kritescht Denken/Esprit critique, Problemléisung/Résolution de problème, Virwëtz /Curiosité

Sustainable development goals:

4. Quality education9. Industry, innovation and infrastructure17. Partnerships for the goals

Schlësselinformatiounen

Thematik: Core Entrepreneurship, Finanziell a wirtschaftlech Allgemengbildung

Typ vun der Aktivitéit: Aner

Regimm: Formation professionnelle, Secondaire Classique, Secondaire Général

Klass: 4, 3, 2, 1

Sprooch: Luxembourgeois

Periodicitéit: 1x pro Mount, permanent online verfügbar

Plaz: En ligne

Kontakt

Website: https://www.host.lu/startup-corner-podcast/

E-mail: podcast@host.lu

Telefon: +352 28 81 00 01

Adress: 9, rue du Laboratoire

L-1911 Luxembourg

Luxembourg