Perspektiv Handwierk

Perspektiv Handwierk

Chambre des Métiers Luxembourg

Beschreiwung:

All Dag notzen a benotze mir Produiten a Servicer, déi vun Handwierksbetriber hiergestallt oder ugebuede ginn. D’Handwierk befënnt sech matzen an eiser Gesellschaft an ass DE Partner, wann et ëm d’Schafe vun Iddien an Innovatiounen, Aarbechts- an Zukunftsperspektiven, Zefriddenheet a Stolz duerch d’Hierstelle vu konkrete Produite geet. Mat ronn 8.000 Betriber a 99.500 Leit, déi an dësem Beräich schaffen, ass d’Handwierk den éischten Employeur am Land a mat iwwer 1.800 Persounen, déi eng Léier maachen, den Haaptformateur zu Lëtzebuerg! D’Handwierk representéiert 21 % vun alle Betriber an 21 % vum gesamten Emploi am Land, an ass soumat e wichtege Pilier vun enger effikasser an nohalteger Wirtschaft zu Lëtzebuerg. Déi Jonk sinn sech net ëmmer dëser Vilfalt vu Beruffs- a Karriärsméiglechkeeten am Handwierk bewosst. D‘Chambre des Métiers bitt mam "Perspektiv Handwierk" eng Plattform fir Schüler, Enseignanten a Eltere mat Austauschméiglechkeeten zum Thema un, a wëll esou fir d’Handwierk an seng Beruffer begeeschteren.

Léierziler: D'Beruffer, d‘Zukunftsperspektiven an d‘Karriärsméiglechkeeten am Handwierk kenneléieren / Wäertschätzung fir d'Handwierk a seng villfälteg Tätegkeet
Kompetenzen: Initiativ/Initiative, Kommunikatioun/Communication, Kritescht Denken/Esprit critique, Virwëtz /Curiosité

Sustainable development goals:

4. Quality education17. Partnerships for the goals

Schlësselinformatiounen

Thematik: Orientéierung

Typ vun der Aktivitéit: Präsentatioun, Workshop

Regimm: Secondaire Classique, Secondaire Général

Klass: 6, 5, 2, 1

Sprooch: Luxembourgeois, Allemand, Français

Periodicitéit: Reproupéiert pro Lycée, 1 Stonn pro Klass

Plaz: Bei Iech an der Schoul, En ligne

Kontakt

Website: https://www.handsup.lu/de/perspektiv-handwierk/activites/perspektiv-handwierk-meets-schools-2

E-mail: blanche.lamesch@cdm.lu

Telefon: +352 42 67 67-218

Adress: 2, Circuit de la Foire Internationale

L-1347 Luxembourg-Kirchberg

Luxembourg