My First Enterprise

My First Enterprise

Jonk Entrepreneuren Luxembourg asbl

Beschreiwung:

Iwwer eng Period vun 10 Wochen probéiert eng Grupp vu 3 bis 4 Schüler, mat engem Startkapital vun 50 €, dëst Kapital duerch eng Aktivitéit wéi Akaf-Verkaf vu klenge Produkter, e Service oder eng Produktiounsaktivitéit ze vermehren. D’Zil ass et, hinnen déi éischt Schrëtt an der Gestioun vun enger Entreprise bäizebréngen.

All Grupp dokumentéiert déi duerchgefouert Aktivitéiten, wéi z. B. den Akaf vu Matière première, de Verkaf vu Produkter, d’Gestioun vum Keesebuch, Marketingaktiounen, etc. D’Schüler mussen Initiativen ergräifen an Entscheedunge treffen. En Enseignant betreit a beréit d’Gruppen, wann néideg.

Am Fréijoer gëtt e Concours organiséiert, bei deem déi bescht Projeten ausgezeechent ginn.

Léierziler: D’Zil vun dësem Projet ass et, de Jonken ze erméiglechen ze léieren, wéi een an enger Grupp zesummeschafft, e Projet geréiert, a Kontakt mat Fournisseuren a Konsumenten trëtt, an se gläichzäiteg op zukünfteg Projeten wéi déi vun de Mini-Entreprisen virzebereeden.
Kompetenzen: Duerchhalverméigen/Persistance, Féierungsqualitéit /Leadership, Initiativ/Initiative, Kollaboratioun/Collaboration, Kommunikatioun/Communication, Kreativitéit /Créativité, Kritescht Denken/Esprit critique, Problemléisung/Résolution de problème, Sozial Bewossstsinn/Conscience sociale, Upassungsfäegkeet/Adaptabilité, Virwëtz /Curiosité

Sustainable development goals:

4. Quality education8. Decent work and economic growth9. Industry, innovation and infrastructure11. Sustainable cities and communities12. Responsible consumption and production17. Partnerships for the goals

Schlësselinformatiounen

Thematik: Core Entrepreneurship, Finanziell a wirtschaftlech Allgemengbildung, Nohaltegkeet

Typ vun der Aktivitéit: Concours

Regimm: Secondaire Classique, Secondaire Général

Klass: 4

Sprooch: Luxembourgeois, Allemand, Français, Anglais

Periodicitéit: 10 semaines entre novembre (novembre-mars)

Plaz: Bei Iech an der Schoul

Kontakt

Website: https://jonk-entrepreneuren.lu/program/my-first-enterprise/

E-mail: info@jonk-entrepreneuren.lu

Telefon: +352 26 11 01

Adress: 14, rue Erasme

L-1468 Luxembourg-Kirchberg

Luxembourg