Makerspace Base 1

Makerspace Base 1

Service national de la jeunesse

Beschreiwung:

Hei am Base1 kanns du denger Kreativitéit fräie Laf loossen an däi Projet vun A bis Z ëmsetzen. Bau deng eege Dron oder e Roboter! Dree e Video fir däi YouTube-Kanal oder huel e Lidd op. Léier, wéi een e Videospill programméiert oder gestalte däin eegent T-Shirt. Mir sinn do, fir dir Instruktiounen ze ginn an dech ze ënnerstëtzen. Du kanns einfach an de Walk-in kommen oder e Workshop buchen.

Walk-in: De Makerspace ass mat Geräter ausgestatt, déi de Jonken zur Verfügung stinn, souwéi spezialiséierte Betreier: WierkzeugenComputerenLötkolbenRoboter3D-Drécker an och méi komplex Apparater wéi e LaserCutter oder e RISO-Drécker.

Während den Walk-in-Öffnungszäiten (Mé–Fr 12:30–18:30) kënnen d’Jugendlecher fräi a spontan kommen – ouni 

Léierziler: Am Makerspace léieren d’Jugendlecher hir eege Kreativitéit besser kennen, andeems si aktiv un hiren eegene Projeten schaffen. Duerch den Ëmgang mat neie Wierkzeugen, Maschinnen a Materialien léieren si Methoden kennen, déi hinnen bis dohin onbekannt waren. Dëst hëlleft hinnen, Prozesser kritesch ze hannerfroen an Problemer op eng lösungsorientéiert Manéier unzegoen. Am Base1 fënnt och ëmmer en Austausch tëscht de Jugendlechen an den Experten statt. Sou léieren si mateneen a vuneneen. D’Wëssen, dat si dobäi sammelen, fléisst direkt an hir Projeten eran an ënnerstëtzt se bei der Ëmsetzung vun hiren Iddien.
Kompetenzen: Duerchhalverméigen/Persistance, Féierungsqualitéit /Leadership, Initiativ/Initiative, Kollaboratioun/Collaboration, Kommunikatioun/Communication, Kreativitéit /Créativité, Kritescht Denken/Esprit critique, Problemléisung/Résolution de problème, Sozial Bewossstsinn/Conscience sociale, Upassungsfäegkeet/Adaptabilité, Virwëtz /Curiosité

Sustainable development goals:

3. Good health and well-being4. Quality education5. Gender equality8. Decent work and economic growth9. Industry, innovation and infrastructure10. Reduced inequalities11. Sustainable cities and communities12. Responsible consumption and production

Schlësselinformatiounen

Thematik: Core Entrepreneurship, Nohaltegkeet, Orientéierung

Typ vun der Aktivitéit: Aner, Visitt, Workshop

Regimm: Formation professionnelle, Secondaire Classique, Secondaire Général

Klass: 7, 6, 5, 4, 3, 2, 1

Sprooch: Luxembourgeois, Allemand, Français, Anglais

Periodicitéit: Ganzt Joer mat punktuellen Ennerbriechungen Die Aktivitäten können für Gruppen (max. 12 Teilnehmer) gebucht werden. Die aktuelle Liste der Workshops sind auf unserer Webseite zu finden.

Plaz: Dans les locaux du partenaire

Kontakt

Website: info@base1.lu

E-mail: sarah.dellaera@snj.lu

Telefon:

Adress: 40, Boulevard Pierre Dupong,

L-1430 Luxembourg (Forum Geesseknäppchen)

Luxembourg