Lëtzfin – let’s talk about finance

Lëtzfin – let’s talk about finance

CSSF

Beschreiwung:

"Am Kader vun hirer Missioun betreffend den Konsumenteschutz huet CSSF, ënnert dem Numm “Lëtzfin”, eng Réi vun Instrumenter entwéckelt déi sollen dozou bäidroen Verbraucher an all Altersgrupp fir allgemeng Finanzfroen ze sensibiliséieren. Fir kënnen an der heiteger Welt ze bestoen, an déi richteg Entscheedungen bezüglech seng perséinlech Finanzen ze treffen, muss all Bierger iwwer en Basiswëssen an Finanzfroen verfügen. 
Folgend Instrumenter sinn dobäi fir Jonker vun Interesse:

Informatiounsportal „lëtzfin“
Am Informatiounsportal www.letzfin.lu fënnt een grondleeënd Informatiounen déi dem Konsument hëllefen déi eegen finanziell Situatioun ze analyséieren an ze verstoen esou wéi fundéiert Entscheedungen ze treffen.
Op dësem Portail fënnt een och praktesch Toolen, wéi  z.B. Kreditsimulatoren, Hëllef zur Opstellung vun engem eegenen Budget, Quizen fir dat eegent Wëssen se testen an Videoen zu Themen wéi Iwwerschëldung an Noutwennegkeet säin eegene Budget ze maachen.

FinGol: The Financial Game of Life 
Das Financial Game of Life (FinGoL) (https://www.facebook.com/The-Financial-Game-of-Life-102762091109886/) ass en dynamescht Spill a Form vun engem Chatbot. Hei kennen Jugendlecher, Finanzliewen vun engem Erwuessenen op spilleresch Aart an Weis simuléieren. Während dem Spill muss een zum Beispill eng  Aarbecht fannen, säin Budget verwalten an verschidden Finanz Entscheedungen treffen an sech den Auswierkungen stellen. 

„Lëtzfin Pocket money“: eng App zur Budgetverwaltung fir Jugendlecher.
D‘App „lëtzfin Pocket money“ soll Jugendlecher op Wichtegkeet déi eegen Finanzen ze verwalten opmierksam maachen andeems d‘Elteren aktiv mat abezunn ginn. D‘App erméiglecht et den Jugendlechen Verwendung vun hirem Täschegeld oder aner Akommes besser ze verfollegen. Elteren iwwerhuelen heibäi d Roll vun enger Bank déi hier Kanner bei der Verwaltung vun den Finanzen ënnerstëtzt. D‘App soll den Dialog zwëschen Kanner an Elteren förderen an animéieren iwwer oft tabuiséiert Geldfroen offen ze schwätzen. Smartphones vun den Jugendlechen an den Elteren ginn iwwer QR-Codes mateneen verbonnen ouni dass d ‘Elteren awer Abléck op Daten vun den Jugendlechen kréien.
"

Léierziler: Verstoen dass een net méi Geld ausginn kann wéi en verdéngt. Uwenden kënnen wéi een en privaten Budget opstellt. Verstoen wat en Kredit ass an op wat en dobäi muss oppassen. Verstoen dass et verschidden Mëttel gëtt fir ze bezuelen an wéi se fonctionnéieren. Verstoen wat Spueren an Investéieren ass. Verstoen wéi eng Versécherungen et ginn. Verstoen wéi den Pensiounssystem funktionéiert. Verstoen wéi en Iwwerschëldung vermeiden kann. Verstoen mat wéi engen Risiken en an Zesummenhang mat Finanzen ausgesat ass. Erkennen dass an Finanzfroen all Décisioun muss gutt iwwerluecht sinn.
Kompetenzen: Kommunikatioun/Communication, Kritescht Denken/Esprit critique, Problemléisung/Résolution de problème, Virwëtz /Curiosité

Sustainable development goals:

3. Good health and well-being4. Quality education10. Reduced inequalities12. Responsible consumption and production

Schlësselinformatiounen

Thematik: Finanziell a wirtschaftlech Allgemengbildung

Typ vun der Aktivitéit: Aner

Regimm: Formation professionnelle, Secondaire Classique, Secondaire Général

Klass: 5, 4, 3, 2, 1

Sprooch: Luxembourgeois, Allemand, Français

Periodicitéit:

Kontakt

Website: www.letzfin.lu/

E-mail: patrick.hommel@cssf.lu

Telefon: 26251 – 2487

Adress: 283, route d’Arlon

L-1150 Luxembourg

Luxembourg