Democracity
Zentrum fir politesch Bildung
DemocraCity – Demokratie lieweg erliewen
DemocraCity ass eng Aktivitéit, déi de Participanten erlaabt, demokratesch Entscheedungsprozesser besser ze verstoen an d’Komplexitéit vum politeschen, sozialen oder wirtschaftleche Kontext ze begräifen.
Indem si gemeinsam hir gemeinsam Interessen definéieren, fiktiv Parteiprogrammer ausschaffen an eng Stad bauen, entdecken d’Participanten déi wichtegst Elementer vum demokratesche Liewen. D’Grupp diskutéiert a decidéiert, wéi d’Stad soll ausgesinn. Gläichzäiteg léieren si, dass all Stëmm zielt an dass Argumentatioun, Diskussioun, Respekt a Kooperatioun essentiell sinn an enger demokratescher Gesellschaft.
DemocraCity gëtt als Atelier ugebueden, begleet vun forméierte Mataarbechter vum Zentrum fir politesch Bildung. Den Atelier kann an äre Raimlechkeeten stattfannen.
Sustainable development goals:
Schlësselinformatiounen
Thematik: Finanziell a wirtschaftlech Allgemengbildung, Nohaltegkeet
Typ vun der Aktivitéit: Workshop
Regimm: Formation professionnelle, Secondaire Classique, Secondaire Général
Klass: 7, 6, 5, 4, 3, 2, 1
Sprooch: Luxembourgeois, Allemand, Français, Anglais
Periodicitéit: 1x3 heures
Plaz: Bei Iech an der Schoul
Kontakt
Website: https://zpb.lu/democracity/
E-mail: Info@zpb.lu
Telefon: (+352) 24 77 59 90
Adress: 138, Boulevard de la Pétrusse
L-2330 Luxembourg Walferdange
Luxembourg
