ALR wins the European Money Quiz

ALR wins the European Money Quiz

ABBL

De 25. Mäerz hunn d’Schüler vun der 4GCM  aus dem  Atert Lycée Réiden un der nationaler Final vum “European Money Quiz“ vun der ABBL deelgeholl.

Et waren eng Rei kniwweleg Froen zu ganz diversen Themen, wéi Kreditter, Assurancen oder awer och Internetsécherheet ze beäntweren.

Mat just 2 Feeler huet 4GCM  aus dem ALR dëse Concours gewonnen an domadder bewisen, datt si als Jonker scho ganz gutt mat Finanzen a Suen eens ginn.

D’Jenny Timoteo Ferreira an de Gonçalo Santos Pereira wäerten d’Klass (a ganz Lëtzebuerg 😊) bei der europäescher Finall, déi am Abrëll stattfënnt, vertrieden.

Mir wënschen hinne vill Gléck a si sécher, datt si och do een Top-Resultat erreeche wäerten.

Dës Aktivitéit fënnt am Kader vun der Sustainable Entrepreneurial School statt un der den Atert-Lycée deelhëlt.

Source: www.ALR.lu

Kontakt

Website: https://www.abbl.lu/topic/european-money-quiz/

E-mail:

Telefon:

Adress: