Startup Programme
Jonk Entrepreneuren Luxembourg
De Startup Programm ass e Programm fir d’Virbereedung op d’Grënnung vun enger Entreprise, geduecht fir Studente vum héichschouleschen Niveau (Universitéit an BTS). Gruppe vu jonke Leit (2 bis 6 Memberen) stellen sech d’Aufgab, eng innovativ, ëmsetzbar an wirtschaftlech rentabel Produkt- oder Service-Iddi ze fannen an e Businessmodell ronderëm dës Iddi ze entwéckelen.
Am Laf vum Programm analyséieren d’Participanten d’Faisabilitéit vun hirem Projet mat der Ënnerstëtzung vu Fachleit („Coachë“) aus der Geschäftswelt. Wärend dem Programm ginn et Formatiounen mat Expert·inne aus verschiddene Beräicher, fir d’Student·inne ze ënnerstëtzen an ze guidéieren duerch déi verschidden Etappen. D’Student·inne ginn dozou ugedriwwe Prototypen ze entwéckelen an hire Projet virun engem Jury mat potenzielle Investisseuren ze presentéieren – a verschiddenen Etappen.
E nationale Concours gëtt organiséiert, bei deem déi bescht Projeten vum Joer ausgezeechent ginn. D’bescht Ekipp vum Joer kritt d’Méiglechkeet, un der europäescher Finale – GEN-E – deelzehuelen, déi vun Junior Achievement organiséiert gëtt.
Sustainable development goals:
Schlësselinformatiounen
Thematik: Core Entrepreneurship, Finanziell a wirtschaftlech Allgemengbildung, Nohaltegkeet
Typ vun der Aktivitéit: Concours
Regimm: Formation professionnelle, Secondaire Classique, Secondaire Général
Sprooch: Luxembourgeois, Allemand, Français, Anglais
Periodicitéit: 1 année scolaire
Plaz: Bei Iech an der Schoul, Dans les locaux du partenaire
Kontakt
Website: https://jonk-entrepreneuren.lu/en/program/young-enterprise-project-2/
E-mail: info@jonk-entrepreneuren.lu
Telefon: +352 26 11 01
Adress: 14, rue Erasme
L-1468 Luxembourg-Kirchberg
Luxembourg
