Mein Beitrag zur Ressourcenschonung

Mein Beitrag zur Ressourcenschonung

SuperDrecksKëscht - SDK Akademie

Beschreiwung:

De Ressourceverbrauch an d’Ressourcenschonung spillen an eisem Alldag eng ëmmer méi grouss Roll. Zu Ufank vun der Aktivitéit léieren d’Schülerinnen a Schüler mat Hëllef vun engem Spill d’Problemer vun der Ressourceknappheet an der lineärer Wirtschaft kennen.

Als alternativ Modeller léieren si d’Offallpyramide an d’Kreeslafwirtschaft vu wäertvolle Materialien kennen. An interaktive Gruppaarbechte setzen si sech mat dem Recyclingkreeslaf vu gewéinlechen Offallprodukter auserneen. Ausserdeem ginn Handlungsalternativen diskutéiert an thematiséiert, wéi grouss eisen Impakt als Konsumentinnen a Konsumenten op de Ressourceverbrauch ass.

Léierziler: D’Schülerinnen a Schüler verstinn d’zouhuelend Knappheet vun natierleche Rohstoffer a setzen sech mat den Ursaachen an den Auswierkunge vun dësem globale Problem auserneen. Si entwéckelen eng kritesch Haltung vis-à-vis vum verschwenderesche Konsumverhalen a erkennen d’Noutwendegkeet vun engem nohaltege Umgang mat Ressourcen. Am Kader vum Cours léieren si d’sortenren Trennung vun ënnerschiddleche wäertvolle Materialien an d’Bedeitung dovun fir en effektive Recycling. Dobäi erkennen si, wéi hiert eegent Verhalen d’Schléisse vu Ressourcekreesleef beaflosse kann, a wéi si duerch bewosst Handelen aktiv zum Ëmweltschutz bäidroe kënnen.
Kompetenzen: Kommunikatioun/Communication, Kritescht Denken/Esprit critique, Problemléisung/Résolution de problème, Sozial Bewossstsinn/Conscience sociale

Sustainable development goals:

4. Quality education12. Responsible consumption and production15/ Life on land

Schlësselinformatiounen

Thematik: Nohaltegkeet

Typ vun der Aktivitéit: Workshop

Regimm: Secondaire Classique, Secondaire Général

Klass: 7, 6, 5

Sprooch: Luxembourgeois, Allemand, Français, Anglais

Periodicitéit: 1x 2 Stonnen

Plaz: Bei Iech an der Schoul

Kontakt

Website: https://sdk.lu/de/sekundarschule/

E-mail: akademie@sdk.lu

Telefon: +352 488 216 400

Adress: Z.I. Piret

L-7737 Colmar-Berg

Luxembourg